22/02/2024
Eng flott Postkaart mat Vue op Iechternach 😊
Merci Eng Postkaart den Dag vir des flott Erennerung 🤩
Flott Vue op d'Abteistad Iechternach, mat e.a. der Basilika an de Gebaier vun der fréierer Abtei, dem Pavillon etc.. Interessanten Detail: lénks den Ufank vum Quartier "Kack" wou haut just nach e Parking ze fannen ass a vir laanscht d'Schinne vun der fréierer Sauerstreck.
Schonn de Willibrord soll op der Plaz vun der Abtei ëm 700 eng éischt Kierch gebaut hunn. Déi haiteg Basilika ass nëmmen een Deel vun deem ganze Komplex. Dobäi kommen d'Gebaier vun der Abtei selwer, virun allem de véiereckege Neibau, deen 1727 ënnert dem Abt Matthias Hartz (1717-1728) ugefaange gouf. Et ass dem Abt drëm gaangen, d'mëttelalterlecht Ausgesinn duerch en neit, modernt a standesgeméisst Ausgesinn ze ersetzen. Säin Nofolger, den Abt Grégoire Schouppe (1728-1751) ass mat de Bautätegkeete weidergefuer, soudass 1736 d'Aarbechten ofgeschloss waren.
Ausser der Abteikierch sollt e ganz neien, architektonesch eenheetleche Komplex entstoen, deen vum Architekt a Benediktinerpater Leopold Durand gezeechent gouf.
Inspiréiert gouf sech u ville Barockbauten aus där Zäit, a ganz besonnesch un de Schlässer an Abteien am Loutrengen.
D'Aarbechten goufen vum tiroler Sigmund Mungenast a sengem Fils Paul ausgefouert. Nieft hinnen kommen och vill Saisonaarbechter aus dem Tirol resp. Éisträich op Iechternach, fir um grousse Chantier als Steemetzer a Baumeeschter ze schaffen. Vill vun hinnen sinn net an hir Heemecht zeréck gaangen an hunn hir Spueren an der Profanarchitektur (Bauerenhaiser) awer och an der Lëtzebuerger Genealogie (z.B. hir Familljennimm) hannerlooss.
De quadratesche Bau mat jeeweils 75m Front op all Säit hat 4 grouss Eckpavillonen an am Prälatefligel goufen grouss representativ Raim an en imposant Trapenhaus ageriicht. De Kräizgang an e schéine Bannenhaff maachen d'Bild komplett. D'Cour d'honneur virum Prälatefligel ënnersträicht dën Androck vun engem groussen, representative Schlass.
D'Abteikierch, déi gouf géint 1750 "barockiséiert" fir sech dem Stil vun der Abtei selwer unzepassen. An deem Kontext kruten déi zwee Tierm och Zwiwweltierm, typesch fir Barockkierchen.
No der Franséischer Revolutioun sinn d'Pateren verdriwwe ginn, d'Abtei gouf 1797 opgeléist an ass duerno versteet ginn.
Relativ schnell gëtt de Jean-Henri Dondelinger Besëtzer vun de Gebailechkeeten an installéiert eng Parzeläinsfabrick an der Abteikierch, léisst een Tuerm ofrappen, vun deem zweete gëtt den Daach erofgeholl fir dass en als Schaarschtech ka funktionéieren. D'Famill Dondelinger wunnt an den Appartementer wou fréier den Abt gewunnt huet.
1829 ginn d'Gebaier vun den Iewen vum Dondelinger an zwee gedeelt. Een Deel gëtt un e gewëssenen Jean-François Boch, selwer Porzeläinsfabrikant verkaaft, deen also am selwechte Komplex der Famill Dondelinger Konkurrenz mécht. De Boch wäert e puer Joer méi spéit, 1836 mat engem anere Konkurrent mam Numm Villeroy fusionéieren fir déi bekannten Firma Villeroy & Boch ze grënnen.
Zu Iechternach iwwerliewen déi 2 Faiencerien awer net laang a si mussen 1840 resp. 1843 hir Dieren zou maachen.
Duerno gëtt een Deel als Kasär, deen aneren als Fabrick fir Faïence vum Jacques Lamort, fir d'Produktioun vun der Manufacture Royale Grand-ducale de peinture céramique Zens Frères a vu villen anere Firma als "Industriezone" genotzt.
En Deel gëtt och zu engem Pensionat fir Meedercher amenagéiert.
Ab 1841 gëtt et an der Abtei e Progymnase, deen sech am Laf vun de Joren zum Lycée classique d'Echternach mausert an och nach haut an de Gebailechkeeten vun der aler Abtei ënnerbruecht ass.
D'Basilika ass am 2. Weltkrich, 1944 gesprengt a quasi ganz zerstéiert ginn. Nom Krich gouf se dunn am romanesche Stil, no Pläng vun den Architekten Hubert Schumacher a Michel Heintz nees opgebaut.
Wéi ee gesäit huet d'Iechternacher Abtei nawell eng ganz mouvementéiert Geschicht - an et ass net ëmmer einfach, sech an deem Gewulls zurechtzefannen.