27/12/2024
Dir hutt Loscht op een Dagesausflug?🌷 Dann ass eise Kuerztrip den 12.04.2025 op Lisse an de Keukenhof bestëmmt eppes fir Iech!
De Keukenhof ass ee wonnerschéinen an iwwer 30 Hektar grousse botanesche Park an Holland. Im Abrëll bléie virun allem d’Tulpen an dat ass och déi Zäit, wou de Park seng ganz Pracht entfale kann. 🌼
Nieft der grousser Planzevillfalt fënnt een awer och ëm déi 150 Skulpture vu 50 verschiddene Kënschtler an fir d’Kanner ginn et Spillplazen an ee Streichelzoo. Fir grouss a kleng gëtt et also vill ze entdecken, an ee flotten Dag ass garantéiert! ✨
Wann Dir dës Dagesfaart mat eis maache wëllt, da kommt elo an enge vun eise 6 Reesagencë laanscht a bucht Är Plaz an eisem Bus. 🚌️
Hei fannt Dir de Link zu der Rees:
https://www.demy.lu/de/voyages/tagesfahrten/keukenhof