Marc Sales

Marc Sales Managing Partner
SLG - Driven by tomorrow
www.slg.lu
(10)

D’lescht Woch war den Aarbechtsminister Georges Engel ze Besuch bei eiser Entitéit flibco.com.Et war e ganz flotten Aust...
10/10/2023

D’lescht Woch war den Aarbechtsminister Georges Engel ze Besuch bei eiser Entitéit flibco.com.

Et war e ganz flotten Austausch iwwert déi aktuell Erausfuerderungen um Lëtzebuerger Aarbechtsmarché an innovativ Piste fir jonk Talenter unzezéien.

Bei Flibco teste mir aktuell de fortschrëttleche Wee vun enger 32 Stonne Woch. Dëse Schratt gouf iwwert 4 Joer duerch e gutt gefouerten Change Management an enger digitaler Ëmstellung vun de Prozedure virbereed. Esou eng Testphase ass nëmmen ëmsetzbar, wann d’Equipe gutt zesumme schafft a jidereen un engem Strang zitt. Mir si gespaant wéi sech dat ganzt an de kommende Méind entwéckelt.

Strampele fir de gudden Zweck 🚴‍♂️🎗️Gëschter hunn ech zesumme mam Rotary Club Bascharage Kordall un engem Indoor Cycling...
09/10/2023

Strampele fir de gudden Zweck 🚴‍♂️🎗️

Gëschter hunn ech zesumme mam Rotary Club Bascharage Kordall un engem Indoor Cycling Marathon deel geholl, dee Luxembourg Transplant am Kader vun der Journée Mondiale du Don d’Organes organiséiert huet.

D’Ambiance an der Luxexpo war super an och wann d’Been Owes schwéier waren 😅 huet et richteg gutt gedoen eppes fir de gudden Zweck ze bewierken 💪

Grouss Visitt bei eiser Marque Sightseeing.luMerci dem Minister Lex Delles fir säi Besuch an eise Büroen! Et war eis eng...
16/08/2023

Grouss Visitt bei eiser Marque Sightseeing.lu

Merci dem Minister Lex Delles fir säi Besuch an eise Büroen! Et war eis eng Freed him eis verschidde Servicer ze presentéieren an iwwert déi aktuell Erausfuerderungen um Marché ze diskutéieren.

Mir freeën eis ëmmer iwwert politesche Besuch an den Interessi un eisem Metier. Et ass fir eis eng flott Unerkennung fir eis Beméiungen an alle Beräicher, sief et Innovatioun oder Nohaltegkeet, e Pionéier ze sinn!

Mat flibco.com ab Lëtzebuerg op de Flughafen Charleroi 🚌Ab dem Hiercht ass dat endlech nees méiglech 🎉Ab dem 29. Oktober...
19/07/2023

Mat flibco.com ab Lëtzebuerg op de Flughafen Charleroi 🚌
Ab dem Hiercht ass dat endlech nees méiglech 🎉

Ab dem 29. Oktober fueren eis Flibco Busser endlech nees ab dem P&R Bouillon, via Arel op de beléifte Flughafen zu Charleroi 👏

Ech freeë mech immens dat no esou enger laanger Paus, déi initial Linne vu flibco.com endlech nees kann opgeholl ginn, an och déi néideg Demande nees dofir do ass. De Flughafen Charleroi bitt mat senge méi wéi 200 Destinatioune ganz vill Méiglechkeeten d’Welt z’entdecken!

Och wann et eréischt am Oktober lass geet, kennt dir elo schonn är Faart op hirer Websäit oder via d’App buchen. Hei fann dir och all weider Informatiounen zu der Ligne.

Gratulatioun un d'ganz Equipe a vill Erfolleg!

19/07/2023

Sales-Lentz bréngt Spannung an den Norden - Aftermovie 🎥

Erlieft déi bescht Momenter vun eiser offizieller Aweiungsfeier de 7.Juli op eisem Depot zu Allerbuer.

E grousse Merci un eis Partner déi un der Table Ronde deel geholl hunn : Anamaria Zianveni, Project Manager CEO bei Enovos , Frank Wies, Member vum Comité de Direction bei der Socom, Alex Michels, Head of Asset Management vun der Creos Luxembourg, an de Michel Witte, Direkter bei Green Power Storage Solutions. An och nach emol Merci un de Minister Claude Turmes fir seng Visitt bei eis um Site!

Eise Grupp wäert sech och weiderhin aktiv fir ëmweltfrëndlech Transportléisungen asetzen an och weider alternativ an erneierbar Brennstoffer testen 🍃🌻

Sales-Lentz bréngt Spannung an den Norden 🔌⚡️Leschte Freideg goufen eis 3 Depoten am Éislek no laangen Elektrifikatiouns...
10/07/2023

Sales-Lentz bréngt Spannung an den Norden 🔌⚡️

Leschte Freideg goufen eis 3 Depoten am Éislek no laangen Elektrifikatiouns Aarbechten offiziell vum Energieminister Claude Turmes ageweit.

Op eisen Depoten zu Allerbuer, Housen a Kietscht ziele mir elo eng 70 Luetstatiounen déi insgesamt eng puissance vun 2.400kW opweisen. Eis modern a performant Installatiounen erméiglechen eis et bis zu 72 Bussen zäitgläich ze lueden. Wann d'Installatioune bis a voller Kapazitéit lafen, kenne mir sou bis zu 2.400 Tonnen CO2eq d'Joer spueren!

Felicitatioun un déi ganz Equipe déi zu dësem Erfolleg bäigedroen huet, an och e grousse Merci un eis Partner déi dës Hürde mat eis zesumme gemeeschtert hunn 👍👏

E weidere wichtege Schratt fir flibco.com 😃Esou eng nei Linne op d'Been ze setzen geschitt net vun haut op muer. Et war ...
07/07/2023

E weidere wichtege Schratt fir flibco.com 😃

Esou eng nei Linne op d'Been ze setzen geschitt net vun haut op muer. Et war e flotten Challenge deen d'Equipe mat Bravour gemeeschtert huet!

Bravo un iech all a vill Erfolleg a Frankreich 👏

Ech wënschen iech all, e schéinen Nationalfeierdag  😃🎉
22/06/2023

Ech wënschen iech all, e schéinen Nationalfeierdag 😃🎉

Hëlleft eis de Luxembourg Tourism Award ze gewanne 🎉Bei dëser zweeter Editioun si mir mat Sightseeing.lu direkt 4x nomin...
21/06/2023

Hëlleft eis de Luxembourg Tourism Award ze gewanne 🎉

Bei dëser zweeter Editioun si mir mat Sightseeing.lu direkt 4x nominéiert.

👉 Mat den E-Bike Touren https://shorturl.at/gAB48
👉 Mat de Culinary Tours am Dinner Hopping https://shorturl.at/fHKU5
👉 Mat den Audio Guides https://shorturl.at/dflN0
👉 Mat dem River and Wine Tour https://shorturl.at/lmwBT

Mir géingen eis immens freeë wa mir och dëst Joer nees an enger Kategorie gewanne géingen. D’Equipe vu Sightseeing hätt et op all Fall méi wéi verdéngt!

Via déi eenzel Linken kënnt dir ganz einfach nach bis zum 23.06 ofstëmmen.

Ech drecken der Equipe fest Daumen 😊✊

Changement an der Direktioun vu Sales-LentzEch si stolz annoncéieren ze dierfen, dat mäin Fils de Sam ab sofort d’Féieru...
13/06/2023

Changement an der Direktioun vu Sales-Lentz

Ech si stolz annoncéieren ze dierfen, dat mäin Fils de Sam ab sofort d’Féierung vu Sales-Lentz iwwerhëlt. Hien gëtt dobäi vu mengem Brudder Jos a vu mir ënnerstëtzt.

De Sam wäert sech ëm d’Gestioun vun eise Mataarbechter sou wéi de ganze Clients Beräich këmmeren. Mäin Brudder wäert him bei de Relatioune mat Partner, Autoritéiten a Gemengen ënnert d’Äerm gräifen, an ech wäert weiderhin fir d’Innovatiounen an d’Ëmsetzung vun neie Projete zoustänneg sinn.

Mir gesinn dës strategesch Neiausriichtung als eng Geleeënheet, eis Positioun als Leader an der elektrescher Mobilitéit a nohaltegem Transport ze stäerken.

Sam, ech wënschen dir vill Erfolleg a Spaass bei der Aarbecht! Fir mech als Papp gëtt et näischt méi Schéines wéi ze wëssen dat eise Familljebetrib an der 4.Generatioun viru geféiert gëtt.

Liest méi heizou an dësem flotte Beitrag vum Paperjam:
https://bit.ly/3qGCMFe

Bravo un d’ganz flibco.com Equipe !Duerch des nei Linne gëtt hier Präsens an Italien nach emol verstäerkt. Ech si stolz ...
08/06/2023

Bravo un d’ganz flibco.com Equipe !

Duerch des nei Linne gëtt hier Präsens an Italien nach emol verstäerkt. Ech si stolz op déi ganz Equipe déi säit ville Méint un dësem Projet geschafft huet!

Congratulazioni a tutti!

Il nuovo servizio diretto partirà dall’autostazione di Corso Vittorio Emanuele II, 131 e sarà disponibile tutti i giorni dalle 3 e 30 del mattino fino a mezzanotte, ogni mezz’ora

Dës Woch war ech op der offizieller Ouverture vum neie Copal Shopping Center Belle Boutique zu Mäertert-Waasserbëlleg. B...
19/05/2023

Dës Woch war ech op der offizieller Ouverture vum neie Copal Shopping Center Belle Boutique zu Mäertert-Waasserbëlleg. Bei dëser Geleeënheet hu mir och eis nei Raimlechkeete vun der We love to travel Agence gefeiert 🎉

Hei begréisst iech eis laangjäreg an erfuere Chef d'Agence Marion Lehr - We love to travel mat senger dynamescher Equipe, déi iech mat Freed an Know How all Reeswonsch erfëllen.

Ech wënschen der ganzer Equipe vill Erfolleg an eng sëllege Buchungen 🎉😃

Ech wënschen iech all e ganz schéint Ouschterfest!Genéisst är Zäit mat äre Familljen 😊
07/04/2023

Ech wënschen iech all e ganz schéint Ouschterfest!
Genéisst är Zäit mat äre Familljen 😊

Flowerloading - leider awer net fir dëst Joer!An? Hutt dir mäin klengen Abrëllsgeck gescht gegleeft ?D'Technologie vun d...
02/04/2023

Flowerloading - leider awer net fir dëst Joer!

An? Hutt dir mäin klengen Abrëllsgeck gescht gegleeft ?
D'Technologie vun der Solarblumm gëtt et effektiv, allerdéngs ass se bëssi ze schwéier fir se op den Daach vun engem Bus ze setzen 😅

Ech versécheren iech, soubal d’Technologie an d'Gewicht et géing zouloossen, wiere mir déi éischt déi op de Flowerloading System setze géingen 😄

Merci fir all är Kommentarer, et huet Spaass gemaach dës ze liesen!

Schéine Sonnden iech all!

Ab dësem Summer fuere mir elektresch bis op de leschte Kilometer - Dank dem Flowerloading!Sales-Lentz ass dofir bekannt ...
01/04/2023

Ab dësem Summer fuere mir elektresch bis op de leschte Kilometer - Dank dem Flowerloading!

Sales-Lentz ass dofir bekannt a Saachen nohalteg Transportméiglechkeeten e Virreider ze sinn!

Mir haten déi éischt Hybrid Bussen, déi éischt autonom Navette a geschwënn och den éischte FLOWERLOADING an Europa 🌻🔌

Eis Elektresch Flotte ass staark gewuess an de vergaange Joren, awer d’Elektrifizéierung vun eise Betribshäff kascht Zäit, Energie a Geld! Net iwwerall kann een de Site schnell un d’Mëttelspannungsnetz uschléissen an net iwwerall am Land ginn et déi néideg Luetstatioune fir eis Bussen.

Dohier siche mir säit 2021 a ganz Europa no alternative Luetméiglechkeeten an hunn mat dem Flowerloading déi optimal Léisung fonnt!

Eis Busse kennen esou zu all Moment, egal wou se drun sinn, wärend de Pausen Energie vun der Sonn lueden. D’Solarblumm déi sech dobäi ganz einfach an- an ausklappe léist, orientéiert sech der Sonn no fir eng maximal Kapazitéit ze lueden. Esou komme mir eisem Ziel vun enger Net Zero Mobilitéit e grousse Schratt méi no!

Mir sinn houfreg Deel vun dësem Projet ze sinn, deen eng Alternative fir de gesamte Persounentransport kéint sinn.

E grousse Merci un d’Projektteam vu Sales-Lentz a virun allem un de Georges Hilbert! Si hunn déi lescht Wochen alles ginn fir dat eis éischt Sales-Lentz Solar Blumm rechtzäiteg fir d’Fréijoer rullt 🚌🌻

An den nächste Wochen wäert ech iech nach méi e genauen Abléck zu der Technologie ginn 😊

Sales-Lentz, moving people with smart electricity!

En neie Reesbüro zu Talange Gëschter war ech op der Erëffnung vum neie Fensch Voyages Reesbüro zu Talange. Fensch Voyage...
24/03/2023

En neie Reesbüro zu Talange

Gëschter war ech op der Erëffnung vum neie Fensch Voyages Reesbüro zu Talange.
Fensch Voyages ass jo och Deel vum Travel Group Luxembourg (TGL), zu der jo och eis We love to travel Agencen a Voyages Emile Weber gehéieren.

Ënnert der Presenz vum Buergermeeschter Patrick Abate, dem Management vu Fensch Voyages, Fabrice Poulain a Caroline Maisonneuve, souwéi enge sëllegen Invitéen gouf déi modern Agence gëscht ageweit.

Ech wënschen dem Stéphanie Menigot an dem Sébastien Heyer, déi iech ab sofort zu Talange empfänken, vill Erfolleg an eng sëllege Buchungen!

Endlech nees eng Reesfoire, endlech nees ITB Berlin! No 3 Joer Paus trëfft sech aktuell déi ganz Reesbranche op der famé...
09/03/2023

Endlech nees eng Reesfoire, endlech nees ITB Berlin!

No 3 Joer Paus trëfft sech aktuell déi ganz Reesbranche op der faméiser ITB Berlin, der gréisste Reesfoire weltwäit 🌍

Eis Marken Sales-Lentz wéi och Sightseeing.lu sinn hei mat engem Stand vertrueden a maache kräfteg Werbung fir eist schéint Land 🇱🇺

Awer och eng Delegatioun vun eise Reesbüroen ass sur Place an entdeckt déi neisten Trends an Innovatiounen an der Reesbranche ✈️

Et mécht richteg Spaass an et deet gutt no sou enger laanger Paus, sech mat eise Partner an aner Reesbegeeschterten auszetauschen !

Dir dierft gespaant si wéi eis Leit déi nei Trends an eist Angebot wäerten integréieren 😉

Zukunft vum Aarbechtsmarché gehéiert der Jugend !Genau dofir wëlle mir si op hirem Wee begleeden a coachen !Eis Mark Sig...
24/02/2023

Zukunft vum Aarbechtsmarché gehéiert der Jugend !
Genau dofir wëlle mir si op hirem Wee begleeden a coachen !

Eis Mark Sightseeing.lu huet an de vergaange Woche beim Youth & Work Projet "Future Generation" matgemaach. Ziel heivun ass et Jugendlecher am Alter tëscht 16 a 29 Joer op hirem Wee an d’Beruffswelt ze begleeden.

Iwwert 6 Woche gouf eng Equipe vun 13 Jugendlecher vun eise Leit begleet a gecoacht.

Ganz nom Motto : Learning by doing, hunn si a verschidden Aarbechtsgruppen un engem Projet am Beräich Marketing a Content Erstellung geschafft. Heibäi sinn si iwwert sech erausgewuess a kruten eng éischt Impressioun vu Projekt Management, Benchmarking an Teamwork.

Dës Woch hunn si eis stolz hier Resultater presentéiert an ech muss soen ech sinn absolut begeeschtert vum Outcome 🤩 Bravo un déi ganz Equipe👏

Ech wënsche jidderengem vun iech vill Erfolleg op sengem beruffleche Wee, a wien weess, vläicht feiert deen iech jo souguer bei SLG.

De René Léonard war e richtege Pionéier am Busreesen-Beräich. Hien war senger Zäit ëmmer e Schratt viraus an huet dobäi ...
13/02/2023

De René Léonard war e richtege Pionéier am Busreesen-Beräich. Hien war senger Zäit ëmmer e Schratt viraus an huet dobäi seng Equipe ëmmer mat engem enorme Familljen Esprit geleet.

Mir si stolz säi Wierk mat der Famill Léonard kenne weiderzeféieren!

Äddi René! Du wäerts eis all ëmmer a gudder Erënnerung bleiwen!

Ce 12 février 2023, René Léonard a rejoint les étoiles. Son franc-parler, son esprit d’entreprendre et sa grande loyauté en ont fait une personnalité incontournable en région verviétoise et bien au-delà.
En effet, avec son frère Marc, il a porté les célèbres autocars Léonard au rang des acteurs incontournables du secteur des voyages en Belgique. Aujourd’hui, Léonard ne rime plus seulement avec autocar, Léonard et autocar sont synonymes !

Animé par l’esprit du pionnier, il a toujours voulu offrir le meilleur à ses voyageurs. Il était particulièrement exigeant en matière de confort et de sécurité des véhicules, ce qui lui a toujours valu une longueur d’avance sur ses concurrents qu’il respectait profondément. Le premier autocar à étage de Belgique, les derniers équipements de pointe, le premier catalogue de voyages en autocar, ils étaient tous marqués du logo Léonard. Et qui répondait au numéro d’urgence à disposition de tous les clients ? René Léonard bien sûr.

Derrière l’entrepreneur, il y a aussi une personnalité profondément humaine qui savait écouter, rassurer, conseiller, consoler parfois, … avec simplicité et bienveillance. Il aura marqué plusieurs générations d’employés qui, depuis son départ à la retraite en 2011, se sont baptisés « Léonardiens » comme pour rendre immuable ce lien presque familial qu’ils entretenaient avec lui.

René Léonard, né à Welkenraedt le 7 mars 1949 et décédé à Verviers le 12 février 2023, repose au funérarium Lousberg, rue Léopold 30 à 4820 Dison, où la famille recevra les visites ces lundi 13 et mardi 14 février de 17h à 19h. La liturgie des funérailles, suivie de l’incinération, sera célébrée au crematorium de Welkenraedt ce mercredi 15 février 2023 à 9h30. Levée du corps à 8h45.

7.500 Leit zu Besuch bei Voyages Léonard 😃 De Weekend war ech op déi 22. Editioun vum bekannte “Salon des Vacances” orga...
17/01/2023

7.500 Leit zu Besuch bei Voyages Léonard 😃

De Weekend war ech op déi 22. Editioun vum bekannte “Salon des Vacances” organiséiert vun eiser Duechtergesellschaft Voyages Léonard.

7.500 Reesbegeeschtert Clients haten de Wee op Barchon (BE) fonnt an hunn sech sur place direkt hier Platzen op de sëllege Busreesen aus dem neiste Katalog geséchert.

E klore Beweis dat Busreesen däitlech am Trend leien!

Zäitgläich gouf och den neie Bus-Depot zu Tignée, nëmmen e puer Minutte vu Barchon ewech vum Vize-President vun der Wallonie an Ekonomie Minister dem W***y Borsus ageweit.

Mat modernen Elektro-Luetstatiounen, enger geplangter Fotovoltaik Anlag, engem Reewaasser Obfangbecken vun 100,000 Liter an dem Recyclage vum benotzte Waschwasser, entsprécht eisen neien Depot net nëmmen den neisten Ëmweltstandarde mä och der Firmenphilosophie vun SLG, an all eisen Entitéiten ëmmer méi nohalteg ze ginn 🍃🌍

Happy New Year! Ech wënschen iech alleguer e schéint, glécklecht, erfollegräicht a gesond neit Joer!
02/01/2023

Happy New Year!

Ech wënschen iech alleguer e schéint, glécklecht, erfollegräicht a gesond neit Joer!

22/12/2022

Ech wënschen iech all schéi Feierdeeg an e gudde Rutsch an dat neit Joer!

Genéisst déi wäertvoll Zäit mat äre Familljen a Frënn!
🎄🎅🎉

Trotz de villen Hürde virun déi d'Pandemie d'Reesbranche gestallt huet, huet eis Equipe vun Travel Pro et geschafft hier...
14/12/2022

Trotz de villen Hürde virun déi d'Pandemie d'Reesbranche gestallt huet, huet eis Equipe vun Travel Pro et geschafft hier Clients iwwert déi vergaangen 2 Joer ze fideliséieren.
Dëst duerch kompetent Berodung, innovativ Léisungen an een enormen Equippen Zesummenhalt!

Gratulatioun un dat ganzt Team fir alles wat dir geleescht hutt, an och fir dëse gelongenen Owend!

Ären Optrëtt war grandios 🤩👏

Virun e puer Woche ware Schüler aus dem Lycée Robert-Schuman op Besuch bei eis am Depot, fir méi iwwert den Energieverbr...
25/11/2022

Virun e puer Woche ware Schüler aus dem Lycée Robert-Schuman op Besuch bei eis am Depot, fir méi iwwert den Energieverbrauch vun de Bussen am ëffentlechen Transport gewuer ze ginn. Eraus koum dëse flott animéierte Film.

Ech fannen et super wéi d’Jugend sech fir Thema nohaltegen Transport interesséiert a wéi si een aktiven Deel vun der Energietransitioun wëlle sinn!

Gratulatioun och un den 18 Joer ale Schüler Semion Smolenskiy, fir säin Optrëtt op der COP27 zu Sharm El-Sheikh a säin Projet „Power on Pyramids“ – eng App déi hëllefe soll, Energie ze spueren.

Ech si sécher mir wäerten nach vill vum Semion an der Youth4planet Luxembourg héieren.

Wieviel Energie verbrauchen eigentlich die Busse auf Luxemburgs Straßen? Dieser Frage gingen die Energiedetektiv*innen aus dem LRSL nach und produzierten die...

De Reesbus huet déi bescht Loftqualitéit!Dat huet eng Studie vum Bundesverband vun den däitschen Omnibusbetriiber erginn...
20/10/2022

De Reesbus huet déi bescht Loftqualitéit!

Dat huet eng Studie vum Bundesverband vun den däitschen Omnibusbetriiber erginn! D’Loft Qualitéit an engem Reesbus ass däitlech besser ewéi an anere Fortbeweegungsmëttel. Se zirkuléiert hei 7x méi schnell wéi an engem Zuch, a 4,5x méi schnell wéi an engem Fliger. Donieft ass de Bus natierlech och en ëmweltfrëndlecht Transportmëttel!

Eng Busrees huet also nëmme Virdeeler 👍🚌

Coach performs best in terms of air exchange

The air in a coach is exchanged 7x faster than in a train, and 4.5x faster than in an airplane. This was the result of a study led by the Federal Association of German Bus Operators in 2020.

Coaches are indeed equipped with very powerful air-conditioning systems with ventilation and exhaust ducts for a high air quality. All the air in the interior of a coach is permanently exchanged. In ventilation mode even more frequently than every minute.

A very good argument to plan this year’s Christmas shopping trip by coach. In addition to the better air quality, coaches also produce fewer greenhouse gases 😉

MERCI fir ären Engagement!SLG feiert seng laangjäreg Mataarbechter 🎉Lescht Woch huet eis järlech Mataarbechter Éierung s...
17/10/2022

MERCI fir ären Engagement!
SLG feiert seng laangjäreg Mataarbechter 🎉

Lescht Woch huet eis järlech Mataarbechter Éierung stattfonnt. Mäin Brudder an ech freeën eis all Joer ëmmer ganz besonnesch op dës Soirée, well esou eng laang Fidelitéit vun eise Leit wéisst, dat si gär fir eise Grupp schaffen.

Mir hu gefeiert:
👉 20x 15 Joer an der Firma
👉 20x 20 Joer an der Firma
👉 2x 25 Joer an der Firma
👉 2x 30 Joer an der Firma
👉 1x 35 Joer an der Firma

Donieft hu mir och nach 22 Leit an d’wuelverdéngte Pensioun verabschid. Hinne wënschen ech alles Guddes fir dësen neien Abschnitt an hirem Liewen!

Kennt dir schonn d’SLG Facebook Säit?Op dëser Säit kritt dir een Abléck hannert d’Kulisse vun eisem Grupp, léiert eis ve...
06/10/2022

Kennt dir schonn d’SLG Facebook Säit?

Op dëser Säit kritt dir een Abléck hannert d’Kulisse vun eisem Grupp, léiert eis verschidden Equippe kennen oder gitt méi iwwert déi verschidde Servicer vun eise Marke gewuer.

Donieft wëlle mir hei och iwwert aktuell Themen informéieren a gär och mat iech diskutéieren.

Ech géing mech freeë wann dir d‘SLG Säit géingt followen 😊

Don’t toss it!

Littering can cause significant harm to the environment and lasting damage to nature and wildlife, as toxic materials or chemicals can be blown or washed into rivers, forests, lakes, and oceans.

At SLG, we make recycling at work as easy as possible for our staff. We want to raise awareness of how littering can harm the environment. Team activities such as the litter collection on World Cleanup Day highlight the extent of the problem and the harm that littering can have on the planet.

Give your litter a lift and take it home to the recycle bin!

Happy Welttourismusdag 🌍🎉Ech reesen immens gär! An dës Passioun versichen ech hei mat iech ze deelen!Fir mech gëtt et nä...
27/09/2022

Happy Welttourismusdag 🌍🎉

Ech reesen immens gär! An dës Passioun versichen ech hei mat iech ze deelen!

Fir mech gëtt et näischt méi Schéines wéi friem Länner a Kulture kennen ze léieren. Et ass schéin ze gesinn, dat och an der Reesbranche e Wandel stattfënnt, an ëmmer méi Leit sech trauen och emol méi aussergewéinlech Destinatiounen z’entdecken.

D’Welt ass onendlech. Et gëtt vill ze gesinn!
Wou well dir onbedéngt emol hin?

Bravo Team SLG👏Leschte Samschdeg war weltwäite Cleanup Day. Eng Equippe vun SLG Leit hat sech getraff fir laanscht d’Str...
20/09/2022

Bravo Team SLG👏

Leschte Samschdeg war weltwäite Cleanup Day. Eng Equippe vun SLG Leit hat sech getraff fir laanscht d’Strooss zu Käerjeng am Zoning den Offall um Buedem ze sammelen.

Et ass schéin ze gesinn, dat d’Mataarbechter dat selwecht Ziel ustriewe wéi mir: D’Ëmwelt schützen a gemeinsam un enger besserer Zukunft schaffen.

Wat misst geschéie fir dat dir reegelméisseg op eng nohalteg Transportléisung géingt zeréck gräifen? D’Thema vun der eur...
16/09/2022

Wat misst geschéie fir dat dir reegelméisseg op eng nohalteg Transportléisung géingt zeréck gräifen?

D’Thema vun der europäescher Mobilitéitswoch ass dëst Joer „Better connections“. Heibäi geet et engersäits ëm d’Vernetzung generell: Si dir gutt un den ëffentlechen Transport ugebonnen? Ass de Wee bis op d’Haltestell wäit oder no? Et geet awer och ëm de multimodalen Aspekt, zum Beispill, kennt dir mat dem Vëlo oder der Trottinette an der Kombi mat engem Bus oder Zuch einfach un äert Ziel kommen?

Wéi sinn är Erfarungen heimadder a wat misst geschéien, fir dat dir reegelméisseg op eng méi nohalteg Transportléisung géingt zeréck gräifen?

Ech si gespaant op är Äntwerten 👇😊

Een Dag zu London – meng top 5 must sees ⬇️Viru kuerzem war ech zanter laangem emol nees eng Kéier zu London. Et ass eng...
05/09/2022

Een Dag zu London – meng top 5 must sees ⬇️

Viru kuerzem war ech zanter laangem emol nees eng Kéier zu London. Et ass eng super Stad an ech konnt vill nei Ecker entdecken. Hei si meng Top 5 vun dësem MiniTrip:

👉 London Eye
👉 Den Harbor nieft der Tower Bridge, mat sengem wonnerschéine Pub „The Dickens Inn“
👉 De Quartier St Giles – Covent Garden – hei sollt een déi berüümte Boolay Crêpe an der Cucumber Alley schmaachen
👉 De Piccadilly Circus
👉 Mamma Mia - the Party an der O2 Arena, war eng onerwaart MEGA Show mat guddem Iessen a verrécktem Publikum.

Wat sinn är must sees?

Endlech ass nees Fouer 🎡 🎠No zwee Joer sinn endlech nees all d’Attraktiounen um Glacis um Start. Ech freeë mech schonn d...
19/08/2022

Endlech ass nees Fouer 🎡 🎠

No zwee Joer sinn endlech nees all d’Attraktiounen um Glacis um Start.

Ech freeë mech schonn drop déi eng oder aner Kéier laanscht ze goen a wënschen all de Forain eng erfollegräich Schueberfouer!

Vill Spaass iech all!

(Foto ©Ville de Luxembourg)

An 3,5 Stonne vu London op New York!Den Nofollger vun der Concorde mécht et méiglech ✈️Den Iwwerschallfliger „Ouverture“...
11/08/2022

An 3,5 Stonne vu London op New York!
Den Nofollger vun der Concorde mécht et méiglech ✈️

Den Iwwerschallfliger „Ouverture“ vu Boom Supersonic soll den nohaltegen Nofolger vun der Concorde ginn. Dësen Jet soll netto Kuelestoff fräi sinn a mat 100% nohaltegem Sprit, dem sougenannten SAF (Sustainable Aviation Fuel) fléien 🌻

D’Airline United Airlines huet scho 15 Fligere bestallt! Laut Hiersteller, wäerten se bis spéitstens 2029 op de Marché kommen.

Den 23. September 2003, hat ech d’Éier an déi grouss Chance, op engem vun de leschte Vol’en vun enger Concorde Passagéier ze sinn. Et huet een d’Schallgeschwindegkeet gutt gespiert, wat d’Saach nach méi spannend gemaach huet 😅

Ech si gespaant op déi hei Maschinn och hält wat se versprécht, besonnesch am Beräich Net-Zero 🍃

02/08/2022

Bass du eisen neien Office Manager?
All d’Informatioune fënns du an dësem Clip.
Ech freeë mech op deng Bewerbung!
www.slg.lu/career/

Vakanz genéissen - Den Event vum Summer! Ech hunn et de Weekend zu Berduerf getest a war absolut begeeschtert! Eng super...
02/08/2022

Vakanz genéissen - Den Event vum Summer!

Ech hunn et de Weekend zu Berduerf getest a war absolut begeeschtert! Eng super Ambiance ënnert de Leit, eng eemoleg location a richteg gutt Iessen hunn de perfekten Owend ofgeronnt 🤩

Beim flotte Projet vu Visit Luxembourg reest en Iessdësch mat 100 Sëtzplaze queesch duerch d’Land op sechs ongewéinlech Platzen an eisen touristesche Géigenden. Nach bis den 28.08 erwaart iech all Weekend een neit spektakuläert Erliefnes.

Weider Informatiounen oder buche kennt dir op
https://www.visitluxembourg.com/de/vakanz-geneissen
Ech kann et nëmmen empfeelen!

Adresse

Sanem

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Marc Sales publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Vidéos

Partager